home
TAEKWONDO SPORTLYCEE 2012/13
Een Projet fir d’Saison 2012-13
Dëse Lycée soll jonke Sportler de Spagat zwësche Leeschtungsport an engem Première/13ième Diplom vereinfachen! Weider Informatiounen zum Sportlycée kritt dir um Site www.sportlycee.lu.
De Groupe de travail FLAM Sportlycee huet als Ziel nieft dem Judo an Karate och den Taekwondo an den Sportlycée z'integréieren.
Hei geet et also an éischter Siicht drëm ee Relevée vu potentielle Kandidaten ze man (Taekwondo-Sportler mat Asaz, Motivatioun, Technik, kierperlech Fitness, Disziplin an Talent) an dësen dem Ministère mat onsem Konzept zoukommen ze loossen an hoffen dass de Projet schon fir di nächst Schoulrentrée starte kann.
Ass den Taekwondo fir dech eng Leidenschaft,
trainéiers du gär, haart a vill,
wëlls du am Taekwondo ee méiglechst héigen Niveau erreechen, dann deel der Federatioun däin Interessi per mail un sekretariat_flam.lu am beschten virum 09.01 an spéitstens bis den 28.02 mat. (Numm, Club, Grad, Gebuertsdatum, aktuell Schoul a Klass uginn)
FAQ
FROEN an AENTWERTEN
1. Kann jiddereen an den Sportlycee opgeholl gin, bzw wei sin d'Opname Kriteren? Nieft engem normalen Lycees-opname Examen, muss en di sportlech Viraussetzung matbreneg (Talent, Motivatioun, technesch Kapazitéiten an Disziplin) an normalerweis schon Member vum Nationalkader sin. Duerno muss een den Test d'aptitude physique a psychologique vum Sportlycee bestoen, an natierelech den accord vun den Elteren hun an eng FLAM Lizenz hunn. 2. Ween wier Trainer ? Fir den gemeinsamen sportlechen Training (préparation physique, Ausdauertraining) sin d'Traineren vum Sportlycee zoustänneg, fir den TKD spezifeschen Training ass nach keen nominéiert. 3. Wien ass Alles an dem Groupe de travail ?Momentan, Hasser Itthichai (Toy), Wampach Patrick, Di iulio Andrea an Alf Laurent. Jiddereen kann sech awer mellen an eng Hand mat upacken. 4. Geif et eng Klass mat nemmen TKD Sportler ginn? Ne, d'TKD Sportler gin zesummen mat aner Sportler gemescht5. Wat fir eng Virdeeler hun ech vum Sportlycee ? 2x den Dag Training, (1x innerhalb vum Lycee, an 1x Encadrement vun der Federatioun), een flexiblen Schoulprogramm deen mat der sportlecher Saison ofgestemmt ka ginn. (et kritt een secher fräi fir op eng EM, asw....) 6. Wat ass dan wann ech no 2 Joer well mam Sportlycee ophalen bzw ophalen muss (z.b. wéinst enger Verletzung) ? Du kanns dann an een aneren Lycee eriwer wiesselen, well jo den Léier-Programme vum Sportlycee genau d'selweschten ass wéi an enger äquivalenter class an engem aneren Lycee.
©CompanyName 2008-2009 All human and animal rights carefully reserved and preserved.